Giro della scrapa 2022 déi 7ten éditioun

Giro della scarpa 2022 Foto vun Comité VCRLL



26 July 2022

Maat genau 465 kilometer ass den diesjähregen Giro della scarpa op een Enn gaangen!
Mir haaten och e puer Pannen awer waat wichteg ass dass keen Accident geschitt ass !
 
47 Participants op zwee Deeg duerch Frankreich an Daitschland zereck an Ländchen!
 
 
Samstes um éischten Daag goung et duerch Lorraine an Saarland eran wou mir zu Tréier um Monte Petris zu Metteg g`iess hun.
Duerno goung et Richtung Vianden fir laanscht d`Our bis erop op Wemperhardt wou mir eng Nuecht am Hôtel op der Wemperhardt verbruet hun.
Owes gouff et een Dîner maat Lotus Grill, emmer rem gudd an genuch.
 
Den Sonndeg nomm Kaffi goung et dann op déi leschten étape maat 260 km duerch eist schéint Ländchen.
Ennert der Leedung vun onsem Roadcaptain den Thill Patrick hun mir emmer rem nei Plaatzen vum Ländchen kennengeléiert!
Merci Patrick fir deen schéinen Tour!
 
Mir sin dann um 16h30 am Vespanascht gelandt wou den Paulo Correia ons Glacen sichen wuar et gouff nach een Pättchen gedronk an D`Giro Plaquetten gouffen iwwerreegt. 
 
Hei den Link zu den Fotoen: Biller - Vespa Club Roude Léiw
 
Am Numm vum Comité soen mir Ierch all Merci fir Participatioun, hoffen huet jidferengem gefall?! Maat 465km wuar et bis dato den längsten Giro an den härtsten! 
Losst Ierch iwwerraschen op 2023 !
 
 
Bis geschwenn 
 
Den Comité