Pyjama Ride Out

Verreckten am Pyjama op der Vespa Photo par Dan Dos Santos



26 July 2022

Sidd dir prett fir eng geckeg Actioun ?! 
Bekannt duerch onsen Trip wou mir all Joers zu Zell am See maachen op Alpdays, ass ons Idee komm firwaat net esoueppes hei zu Letzebuerg ze organiséieren.
Mell genuch sin mer !
Bass du och gaeren dorbai den 4/08 ass Rdv ab 18h30 zu Reckeng am Vespanascht wou mir um 19h00 starten op een klengen Tour duerch den Süden am Pyjama op der Vespa!!!!
 
Een groussen Viirdeel ass ,wanns de heem kenns noom Tour kanns de direkt an Bett gohen.
 
Den Tour féiert ons bei een vun onseren Sponsoren den Times wou mir dann Haam Fritten an Zalot iessen .
 
Mell dech einfach un op info@vespaclub.lu 
 
Plaatzen fir Iessen sin begrenzt!
 
Merci
 
Den Comité