Visite du Vespa Clube de Guimaraes

Delegation du VC Guimaraes zu Schengen Foto vun Tun



24 November 2021

Leschten Weekend haaten mir Visite vun engem groussem Club, een groussen Club net wéinst senger Memberszuel, mee wéinst hierer Passioun wou se an hieren Herzer drohen fir Vespa.
No dem motto "Frendschaft ouni Grenzen" hun mir deen leschten Weekend dem Paulo Salgado an senger Truppe Ons Haaptstaat ,d`Vespanascht an deen leschten Daag Viannen Buerg an den Militaire Musee zu Diekerech gewiesen .
Natiirlech gouff daat och culinaresch gefeiert Freides wuar een Iessen viirgesin bei onsem Sponsor den Kueb letzebuerger spezialitéiten schmaachen, Samsten metten gouff gegrillt am Vespanascht an Sonndes sin mer bei den Renato op Reimech déi beschten Pizza aus dem Land iessen.
 
Fotoen fannt dir hei : Biller - Vespa Club Roude Léiw
 
Merci dem Garage Apel fir Camionette déi mir deen gaanzen Weekend zur verfügung haaten.
Merci dem Tun fir sein Ansaatz als Guide .
Merci den Memberen déi Zeit fonnt hun laanscht ze kommen.
 
Nächsten Joer organiséiert den VC Guimaraes vespa europe days 30 Juni bis den 3 Juli 2022.
Falls een vum Club well deelhuelen kann hien daat gaeren maachen ,mir sin wellkomm.